commune de vianden - e ganzt joorhonnert
commune de vianden - e ganzt joorhonnert
mots clés
rechercher
plan du site
e ganzt joorhonnert
veinen, den 24. märz 2007
här bohr – léiwe nëckel,
wann e mënsch esu e biblischen alter errächt wi dir, da kann än de laaf vuan der zéit uan hir moossen. e ganzt joorhonnert, neckel, hott dir duerchmoost, erläft an erliiden.
den 22. märz 1907 gebuer, sëtt dir zéitzeien vuan äm joorhonnert, daat grat wi ärt liäwen an 2 total verschiiden halschichten gedält ass:
an där 1. halschicht vuan ärem liäwen stät dän 1. weltkréich, dän der am alter vuan 7 joor-11 joor materläft hott.
dir hott di gruss iiwerschwemmung am joor 1918 erläft.
1921 scheint e memorabelt joor hei zu veinen gewässt ze sën. de bonzelbärig hott feier gefaangen an t’ganz uertschaft hott missen hand ualeen fir ze löschen, t’meener, t’fraen an t’kanner. et sën dämols 25 ha bësch a luuheeken verbrannt. et waar en immenst drëchent joor a veinen haat bal de ganzen summer laang kä waasser.
vuan 1926-1931 hott der om bou vuam sanatorium matgeschafft. matt der kutsch a mam pärd sëtt der all dag op de sanatorium gefoor. iiwerhaapt ass vill gebaut gän an där zéit: t’heiser grach, a schadeberg se gebaut gän – t’hous winnen am bungert – t’hous wathgen an der iewicht ä an t’hous drüssel op der bräsch-our.
t’annette sot mer, dir wiird am kréich sonndes ëmmer turnen a laafe gaangen. et guuf zenter 1931 och hollen en turnveréin hei zu veinen ënnert dem noom urava, dän de beeker max, de giäwer arthur hess, den hôtelier miller mathias, de wiirt osch gilli, de geschäftsmann theis jean and de véidoktor edouard wolff béim osch an der wirtschaft gegrënnt. turnhaal stung am ‚iewischten baulerwee’, vis-à-vis vuan der peckels-villa. spidder kruut den turnveréin t’wiss ‚daleyden’ als fussballterrain, dän heitigen electrolux-terrain, wuropper t’nächst joor en altersheim gebaut gëtt.
garantiert erënnert dir eech och uan daat bommenattentat op den hôtel picar. dir haat dämols 24 joor. den här picar sollt dämols drohbréiwer kriit hon an opgefuerdert gä sën en bestëmmt zomm ze bezualen – soss giif séin hôtel an t’loft gesprengt gän.
no den unofhängigkätsfeierlichkäten, war du den amarsch vuan den preisischen truppen am mä 1940. am summer vuam selwischte joor hott dän 20-jährige student raymond frisch, éisen iirebuergermäster, en widerstandsbewegung mam noom lpl gegrënnt. hä konnt 15-20 memberen gewannen, dorenner dir, nëckel zesommen mam häntzen titt, holwecks gab, meyisch tun, sauisch nic, scheidweilig emile, vinandy jos an dem kräsch hary.
dir waard matt ärer frächen marguerite an äre meedercher annette a maria op déifferding evakuiert während der rundstedtoffensiv? dir hott déi minnt och zu déifferdang geschafft.
noom kréich hott der äre berouf als stämeetzer béi lukke johnny seinem papp a béim theis nëckel an theis-vinandy weider ousgeübt. während de wanterminnt, vuan 1949-1952 wann et ze kaal war fir speis ze maan, hott der am bësch geschafft
mir kommen lo uan di 2. halschicht vuan ärem liäwen.
t’zéit vuan de 50iger jooren ass charakterisiert duerch t’fréihät an t’neientdeckung vuan de menscherechter. mir hon de privileg zenter här an äner zéit vuam frieden a vuan positiven liäwsperspektiven a neigewonnemem wualstand ze liäwen.
vuan 1954-1972 waar der gemänenuarbichter ënner dem buergermäster vic. abens. wi der du den 22. märz 1972 ären 65. gebuertsdag gefeiert hott – kuum den gemänentechniker, den theis erni béi eech op de chantgen a sot: „neckel, dou kanns hämgon – dou hoss dein pensiunn zenter de moien“ – hautdesdags brouch ä käm mensch daat méi ze soen.
är frächen, t’marguerite, matt där der zenter 1937 bestoot war, ass 1991 matt 85 joor gestuerwen. dir hott du weider alän an ärem hous uewen an der gaass gewoont.
just ämol war der an der klinik – weenst äner krümmung am hals – an daat während 2 dee – soss war der eigentlich nii krank.
léiwe nëckel – éise staatsminister sot datt dëst joor 37 letzebuerger hiiren 100. gebuertsdag giiwe feieren.
mir se stolz, datt mir esu en rüstigen 100 jährigen hei zu veinen hon, dän 1. 100-jährigen an der veiner geschicht,dän goud opgehuewen ass béi seine meedercher, dän sich nooch stoorik fir di national politik interessiert (de nëckel kuckt regelméissig t’chambersetzungen om fernseh),an och fir die lokalpolitik (t’gemänerootsberichter an der zeidung gän ganz genä geläs an da béim annette a béim maria kommentiert).
ech wënschen eech nëckel a meinem persinnliche noom, am noom vuan der gemän an am noom vuan alle veiner awuaner alles goudes, en goud gesondhät an nooch en etlich jährercher an éiser mëtt.
gaby frantzen-heger buergermäster
(c) photos pol bourkel
imprimer
pdf
envoyer
réalisation technique valain s.a.
powered by communix
commune de vianden - e ganzt joorhonnert Précédent 729 Précédent 728 Précédent 727 Précédent 726 Précédent 725 Précédent 724 Précédent 723 Précédent 722 Précédent 721 Précédent 720 Précédent 719 Précédent 718 Précédent 717 Précédent 716 Précédent 715 Précédent 714 Précédent 713 Précédent 712 Précédent 711 Précédent 710 Précédent 709 Précédent 708 Précédent 707 Précédent 706 Précédent 705 Précédent 704 Précédent 703 Précédent 702 Précédent 701 Précédent 700 Suivant 731 Suivant 732 Suivant 733 Suivant 734 Suivant 735 Suivant 736 Suivant 737 Suivant 738 Suivant 739 Suivant 740 Suivant 741 Suivant 742 Suivant 743 Suivant 744 Suivant 745 Suivant 746 Suivant 747 Suivant 748 Suivant 749 Suivant 750 Suivant 751 Suivant 752 Suivant 753 Suivant 754 Suivant 755 Suivant 756 Suivant 757 Suivant 758 Suivant 759 Suivant 760